Dees Funktioun erlaabt et déi verschidden Demanden duerch gewëssen Typen ze organiséieren.
z.b. nouvelle maison unifamiliale, résidence ….
Dëst bréngt mat sech dass de Programm “Gestion Autorisations” kann verschidden Saachen automatesch ausfëllen.
- Objet de la demande
- Code Travaux
- Genre des travaux
- Loi an Konditiounen
- Taxen (just disponibel bei enger neier Demande)
- Verschidde Saachen beim Suivi
Uleeën an Maintenance vun den “Types Projets”
Iwwert dëse Menu kann den Utilisateur déi verschidden “Types Projets” verwalten an och neier bäisetzen.
“Détail Projet” = Verwaltung vun engem Projet
“Ajout Type Projet” = neie Projet beisetzen
Parameteren vun engem Projet
Type Demande: Filter fir de Projet op een “Type Demande” ze begrenzen
Désignation Projet: Beschreiwung vum “Type Projet”. (Daat kann den Utilisateur auswielen)
Objet Demande: Dessen Texte gëtt automatesch an den “Objet de la demande” kopeiert
Genre: Automatesch fir den “Genre Travaux” (Statec, Sevi…)
Déi aner Felder erklären sech vum selwen!
Calcul automatique des taxes:
Iwwert Funktioun “Regroupement des Taxes” kann den Utilisateur Lëschten konfigureieren waat fir Taxen ufaalen bei de verschiddenen Demanden. Hei kann een esou e Regroupement auswiehlen esou dass de Programm automatesch Taxen un Demande rattacheiert. (daat geht awer just bei enger Neier!!)
Ab der Versioun 2016-R3 (vum 26.01.2016) besteht och elo Meiglechkeet fir verschidden Saachen aus dem Suivi ze defineieren
Bei enger neier Demande an no der Auswiel vum “Type Projet” fëllt de Programm automatesch déi verschidden “Felder” aus.
Hei bei der automatescher Erstellung vun den Taxen
An OPGEPASST well Loi an Konditiounen automatesch sinn heescht datt net dass et richteg ass (voir PAP!!!)
Wann een den “Type Projet” vun enger bestehender Demande ännert ginn Felder “Objet de la Demande”, “Genre” a.s.w. net méi à jour gesat wann eppes dran stoung!
Fir Loi an Konditiounen freet de Programm no! Taxen ginn NET ugepasst!!!






